100% Lëtzebuergescht Gedrënks
Fir de LËT’ZKOLA & LËT'ZLIMO Projet ëmzesetzen, huet d‘Brasserie Simon (baséiert zu Wooltz) hier Ariichtungen ugepasst an ausgebaut, fir sou d'Produktioun an d’Afëlle vun de Soft Drinks ze erméiglechen.
Ënnert all de Soft Drinks déi haut zu Lëtzebuerg verkaaft ginn, ass just d’LËT’ZKOLA & d’LËT'ZLIMO Gamme 100% zu Lëtzebuerg hiergestallt ! D’Entwécklung vun der Gamme, esou wei de Marketing an d’Kommerzialiséierung droen zu 100% d’Ënnerschrëft vun der La Provençale.